Du fiers gären Vëlo? Eis Flyer-Aktioun mat Infoversammlung wor e groussen Erfollig!

Du fiers gären Vëlo? Eis Flyer-Aktioun mat Infoversammlung wor e groussen Erfollig!

Sou wi an der Flyer-Aktioun agekönnigt, hat de Velo Woolz den 11. Juli 2022 eng Infoversammlung fir d'Elteren va klenge Radsportler organiséiert. Domat konnte mir sie am Viraus driwwer informéieren wi eise Club funktionéiert a sie konnten an enger oppener Ronn hir Frooje stellen.
 
Iwwer dëse Weeg konnte mir bis lo well 9 nei Sportler va Bambi bis Minimes fir eise Club begeesteren! Desweiteren as et eis domat gelongen 2 nei Traineren a mindestens eng zousätzlich Begleedpersoun fir eis Catégorie Jeunes ze gewannen. Na eng Kéier e ganz besonnische Merci aan sie!
 
Eng Reih van hinnen könnt o well regelmässig op den Minimes-Training.
 
A fir di kleng (d.h. d'Joorgäng 2013 bis 2017) fänken mir den 1. September 2022 rëm mat engem regelmässigen Training aan!
 
All zousätzlich Interessenten, konnen nachwievor Kontakt mat eisem Club iwwer den Infoformular ophuallen!
 
Mir soon eech lo well Merci fir ären Interessen!