De richtigen Kanner Velo

(geschriwwen vum Karier Jang)

Den richtegen Kanner Velo

Dësen Beitrag soll den Elteren hëllefen, gutt informéiert an e Fachgeschäft ze goen an déi „richteg Wiel“ beim Akaf vun engem Kannervëlo ze treffen.

D‘Informatiounen bezeien sech virun allem op den Alter vun 6 – 10/11 Joer!

1) Allgemeng Bemierkungen:

Aus der Siicht vum Kand muss den neien Vëlo virun Allem cool ausgesinn! Hiersteller wëssen dat a presentéieren hir Produkter deementspriechend.

Kand soll a kann beim Kaf mat bestëmmen, däerf awer bei der Wiel net onbedéngt dat lescht Wuert hunn. Spéitstens dann, wann déi cool Faarf Siicht op de Rescht verspäert, sollten Elteren „Stopp“ soen. De Bléck muss virun Allem op kandgerecht an qualitativ héichwäertegt Material geriicht sinn!

De Wee féiert also bei de Fachhändler. Fanger wech vun Vëlo’en mat „alles drun“, déi aus Geschäfter stamen, déi all méigleche Krom verkafen, mä meeschtens keng Vëlo‘en!

Qualitéit huet säi Präis. Mat der Qualitéit kaaft dir awer och Sécherheet fir Äert Kand! Wien traut sech schonn, een kniwwelegen a géien Paat rof ze fueren wann Bremsen net gräifen, wann Fanger ze kuerz sinn fir Bremsgrëffer ze paken, wann Brems sou schwéier geet dat se mat knapper Nout beweegt ka ginn? Kand fillt sech onsécher, fäert a verléiert dorops hin ganz schnell den Interessie um Vëlosport.

Den „méi deieren“ Vëlo lount sech also. Oft ass nach ee Bridderchen oder eng Schwësterchen hannen drun! E qualitativ héichwäertegen Vëlo iwwerlieft, bei gudder Fleeg, lacker 2 oder 3 Kanner. Et gëtt méi bëlleg, een „gudden“ Vëlo ze kafen ewéi 2 oder 3x a Camelote ze investéieren!

Genau sou falsch kann et awer och sinn, an den aneren Extrem ze verfalen nom Motto: „Nëmmen dat aller deierst ass dat Bescht“!

2) Éischt Entscheedung: Moutainbike (MTB, VTT) oder Kursvëlo?

Kanner kënnen vum 8 Liewensjoer onser Vëlosschoul bei trieden, déi no dësen Grondprinzip funktionéiert:

Spilleresch iwwer Hiwwel a Kniwwel den Ëmgang mam Vëlo léieren!

De Kursvëlo ass fir dësen Zweck net gëeegent. Vëlo fueren léiert een am beschten am Bësch an am Gelänn, wäit ewech vun der Strooss. Wiel soll also op den MTB falen!

3. Dem Vëlo seng Komponenten

3.1 De Kader

Well Kanner stänneg wuessen ass et schwéier e richteg passenden Kader ze fannen. Kompromësser musse geschloss ginn!

Kannergerecht Kaderen sinn sou gebaut, datt den Owerrouer no hannen, zum Suedel hin, of fält. Dat huet den Virdeel datt, souguer dann wann de Vëlo insgesamt nach bëssen ze grouss ass, de Suedel ganz déif gesat ka ginn. Rop a rof klammen, stall halen a ufueren gëtt duerch sou eng Kadergeometrie erliichtert.

Bei der Bestëmmung vun der Gréisst gëtt vu Begrëffer wéi „Schrëttlängt“, „Sëtzhéischt“ asw geschwat. D‘Fachgeschäft berücksichtegt déi Faktoren bei der Wiel vum passenden Kader. Zwou Regelen, sou ze soen als Kontroll, sollt dir mat op de Wee an de Buttek huelen:

Ze grouss ass de Vëlo wann Kand bei minimaler Suedelhéischt net mat béide Féiss op de Buedem kennt!
Ze kleng ass de Vëlo wann d’ Suedelstaang nobäi op senger maximaler Längt raus gezunn muss ginn fir dat Kand op de Vëlo passt.
Ze laang ass de Vëlo wann Kand sech wäit no fir leeën muss, also eng flaach Positioun huet an dobäi och nach Ärem strecke muss fir de Guidon ze gräifen.

3.2 De Radduerchmiesser, 20 Zoll, 24 Zoll, 26 Zoll

En 20 Zoll Vëlo huet en Radduerchmiesser vun ronn 50 cm, een 24 Zoll een Duerchmiesser vun ronn 60cm an de 26 Zoller huet 66cm.

Wat dësen Duerchmiesser méi grouss, wat de Vëlo am Gelänn besser rullt! Aus Erfahrung wëssen mir, dat e Kand mat dem 20 Zoller a bësse méi schwieregem Terrain séier u seng Grenzen kennt.

Wiel sollt also op den 24 Zoller oder souguer, wann Kand grouss gewuess ass, op den 26 Zoller falen. Ab enger Kierpergréisst vun ca 1,35m passt e Kand, bei idealer Kadergeometrie (wéi uewen beschriwwen), op de 24 Zoller.

3.3 Iwwersetzungen

Ab 24 Zoll sinn Vëlo’en mat 21 oder méi Iwwersetzungen ganz gutt fir den Terrain gëeegent. 3 Zännrieder vir mat 22 / 34 an 42 Zänn, 7, 8 oder souguer 9 Zännrieder hannen (z. Bsp. 11 – 28 Zänn). Verschidden Hiersteller bidden och Méiglechkeet dat 28er (lescht) Zännrad duerch e 34er ze ersetzen. Sou ee „Rettungsreef“ ass eng wonnerbar Hëllef, wann et schwéier geet oder wann Beenercher scho bëssen midd sinn!

Den 20 Zoller huet dogéint nëmmen 14 Gäng, 2 Zännrieder vir, 7 hannen. Och dat ass e Grond, firwat den 20 Zoller schonn am liichten Terrain schwéier ze bewegen ass.

3.4 Schalthiewelen

Zwee Systemer sinn beim Kannervëlo ze fannen.

Dën „Rapidfire“ ass fir e Kand einfach ze bedéngen. Rop a rof geschallt gëtt duerch drécken mam Daum respektiv mam „Weisfanger“.

Beim „Revo Shifter“ (Dréigrëff) hunn Kanner ëfters Problemer fir Schaltung ze bedéngen. Am Handgelenk fehlt et dacks un der néideger Kraaft fir den Grëff ze dréien!

3.5 Längt vun der Kurbel

Kuerz Been brauchen och kuerz Kurbelen! Bei Vëlo’en fir Erwuessener leit Kurbellängt zwëschen 170 an 175mm. Eng Kannergerecht Kurbel huet eng Längt zwëschen 150 an 155mm ausser, Kand ass grouss gewuess an Wiel ass op den 26 Zoller gefall.

3.6 Klickpedallen oder “normal” Pedallen?

„Normal“ Pedallen aus Metall mat grëffeger Uewerfläch sinn déi richteg Wiel. E Klicksystem ass béi Ufänger nik gëeegent a mengem Wëssen no, a kléngen Schonggréissten (manner wéi 36) nik ze kréien. Nach erreichten dann, wann Kand säin Vëlo gutt beherrscht ass de Moment komm fir op Klickpedallen ze wiesselen.

3.7 Gewiicht vum Vëlo

Kannervëlo’en sinn oft fuerchtbar schwéier! Wou soll e Kand vu 25kg Kierpergewiicht e Vëlo vun 16 kg Meeschter ginn?

Akzeptabel Wäerter léien zwëschen 11 an 13 kg. Vëlo’en, méi schwéier wéi 13kg soll een, am Interesse vum Kand, am Buttek loossen!

3.8 Fiederung

Fiederung vun der Gafel: Jo. Fiederung hannen: Neen! Fiederung hannen ass beim Kannervëlo iwwerflësseg an dréckt fatzeg op Wo. Dobäi ass Qualitéit vu sou enger Fiederung, bei bëllegen Material miserabel.

3.9 Bremsen, Bremsgrëffer

Qualitativ gutt Bremsen sinn:

Liichtgängeg! Kand muss se ouni Problemer iwwer länger Zäit, während enger laanger Descente z. Bsp, problemlos bedéngen kënnen!
Distanz Bremsgrëff zum Guidon soll astellbar sinn. Ideal ass Distanz, wann Kand mam 2ten Fangerglidd de Grëff pake kann. Dobäi muss den Domm de Guidon nach ëmgräifen!

„V-brakes“ sinn eng Präiswäert a gutt Wiel! Fir extra Geld gëtt et souguer 24 Zoller mat hydrauleschen Scheiwebremsen! Interessant mä, gemooss um geréngen Gewiicht vum Kand, net wierklech noutwenneg!

3.10 Pneuen

Wéi gesot, an onser Vëlosschoul geet et iwwer Hiwwel a Kniwwel an, duerch de Bulli! Dofir gehéieren um Kand säi Vëlo MTB Pneuen mat graffe Stollen. Mat schlechten onugepassten Pneuen fält Kand ëfters onnéidegerweis a fäert dorops hinn. Nei Vëloen sinn awer ëfters mat schlechte Pneuen besteckt….einfach anerer aushandelen.

3.11 Beliichtung, Reflekteren

Sollen sou, wéi am Code de la route gefuerdert, dru sinn! Eng Beliichtung op der Basis vun LED Technik ass gutt gëeegent. De Stroumverbrauch ass niddreg, Batterien halen also laang. Zum Aneren ass sou eng Luucht mat engem Handgrëff op/of montéiert.

3.12 Geschirtäsch

Zum Kand sengem Vëlo gehéiert souwuel eng Pompel wéi och eng Geschirtäsch. Doranner enthalen ass een Ersatzschlauch, een Reparaturset fir Platten plus een „Multifunktiouns Tool“.

3.13 Marken a Präisser

Puer Marken (an alphabetescher Reiefolleg), bei deenen et sech lount méi genee hin ze kucken.:Cube, Focus, Haibike, Scott, Specialized, Trek, ……..

Präisser: Léien am Beräich vun 330€ – 550€